Och dëst Joer bitt de Monodrama Festival erëm e volle Programm.

De Festival, dee virun allem fir seng solo Optrëtter a Monologer bekannt ass, feiert dëst Joer déi 15. Editiounen. 14 Spektakelen aus 10 verschiddene Länner ginn hei presentéiert an dorënner sinn och 3 Lëtzebuerger Produktiounen.

Am Virfeld vum Festival gouf fläisseg geprouft, fir dass alles fir den Ufank prett ass.
D'Opféierunge ginn nämlech just eng eenzeg Kéier gewisen, also muss alles perfekt stoen. Den Optakt mécht e Freideg den Owend d'Theaterstéck "Tu connais Dior?" vum Anne Brionne a mam Valérie Bodson op der Bün. Et ass eng beweegend Performance, déi absolut authentesch wierkt an d'Spectateure mat an d'Welt vun enger Fra ouni doheem hëlt, erzielt d'Regisseurin Anne Brionne.

"C'est l’histoire d'une femme qui a vecu des élements personelles qui l'ont emmené à la rue et comment ces gens qui se retrouvent à  la rue vivent et notre témoigne, elle est récemment à la rue. Ce n'est pas quelqu’un qui est là depuis des années et ui devient très, très abîmé, mais là ce n’st pas le cas. C'est l'accident qui fait qu'elle se retrouve à la rue. Elle va nous expliquer un peut son quotidien et c'est sur une journnée."

Opfälleg wier dëst Joer, dass besonnesch vill Frae beim Festival matmaachen. An net nëmmen dat, si géifen och mat Sujeten optrieden, déi virun allem Frae novollzéie kënnen, ma awer net zwéngend just fir weiblech Spectateure geduecht sinn. Och de Festival-Direkter Steve Karier konnt hei nach vill bäiléieren.

"Wat sech erausstellt, dat ass, dass zum Beispill ganz vill Frae Projete weisen. Immens vill Frae schwätzen iwwer Saachen, déi si wierklech  betreffen, déi ganz kloer aus der männlecher Siicht net esou duergestallt ginn. Dat ass fir mech extrem léierräich."

Och wann et e ronne Gebuertsdag ass, gouf sech fir dës 15. Editioun awer kee spezielle Kader gesat, well et géif sech net wéi esou een ufillen. Duerch d'Corona-Pandemie ass eng Editioun vum Festival ausgefall an eigentlech misst dëst Joer schonn déi 16. sinn. Dowéinst huet een och nach e grousse Programm, deen net extra fir dëst Joer ausgeschafft gouf, deen een awer nach weise kann, erzielt den Direkter.

"Mir hu näischt Spezielles gemaach. Mir hunn d'Programmatioun genau esou gemaach, wéi mer se ëmmer maachen. Mir hu vill gekuckt, wat gëtt et, wéi eng Iddien, wat kënne mer als Kreatioune maachen, wéi eng Leit wëlle mer approchéieren, oder bezéiungsweis wéi eng Leit komme bei eis an dann huet de Programm sech entwéckelt, stéckweis."

Eng weider Kreatioun mat enger Fra op der Bün nennt sech "Requiem for a Clown". Dëst weist e fiktiven Austausch tëscht enger Fra an enger Wéi. D'Schauspiller Rhiannon Morgan probéiert hei ze verkierperen, wéi et sech ufillt, wann déi intern Clownen ee verloossen an ee sech op eemol ganz eidel fillt. Et ass e Gefill, wat fir jiddereen anescht ass an net onbedéngt einfach ze beschreiwen ass. Déi eng fille sech eventuell traureg, anerer awer wéi emotional geläämt. Duerch Wieder, Beweegungen a Musek sollen d'Spectateuren ze spiere kréien, wat am Kapp vun der Fra virgeet. Entwéckelt gouf dat Ganzt vum Antoine Colla.

"Le point de base, c’était juste la thématique du vide émotionell. C'est le moment dans une existence où tu arrives au fond d'un chemin et tout est là pour que la vie soit normale et pour la ressentir et pour être re-dedans, sauf qu'à l’intérieur il y a un vide qui s’installe et il y a aucune des émotions qui devrait apparaitre qui apparait."

Déi Männer, déi nieft al de Frae beim Festival matmaachen, betount den Direkter, géife sech dëst Joer allerdéngs besonnesch vill trauen an aus sech eraus kommen. Esou och de Serge Tonnar, dee sech beim Stéck "Falsch Beweegungen" fir d’éischte Kéier als Dänzer versicht.

"Vue, dass ech keen Dänzer sinn, sinn et falsch Beweegungen, ganz sécher, mee d'Iddi war einfach, e Broch mat deem ze maachen, wat ech bis elo gemaach hunn an eppes ze maachen, wat ech wierklech net kann a bei Null unzefänken an dee ganze kreative Prozess duerchzemaache bis zum Endresultat."

Dofir huet de Serge Tonnar wärend 6 Méint, Danz- a Sportcourse besicht, fir sech kierperlech op dësen Optrëtt virzebereeden. Weise wollt hien eis awer nach net, wéi den Danz am Endeffekt op der Bün ausgesäit. Dëst bleift also bis e Sonndeg den Owend um 19 Auer eng Iwwerraschung.

Et ginn och nach vill weider interessant Produktioune, déi der all op https://fundamental.lu/de/monodrama fannt. De Schluss vum Festival markéiert den 22.  Juni um 12 Auer eng impressionant Verkierperung vum Faust. Hei iwwerhëlt de Max Pfnür déi ganz schauspilleresch Leeschtung wärend 5 Stonnen a spillt all d'Rollen aus dem Faust selwer. Och wärend de Pause bleift hien op der Bün a senger Roll bestoen.