Vun der Plëss iwwert de Knuedler bis bei d'Gëlle Fra gëtt de Weekend iwwer musizéiert
Zanter dem Joer 2000 gëtt se an der Stad Lëtzebuerg organiséiert. Vun e Freideg un a bis e Sonndeg gëtt op ville verschiddene Plaze fir gutt Ambiance gesuergt.
Et ass ee musikalesche Marathon, deen eeben um Freideg de Moien hei ugefaangen huet, sou d'Presidentin vun der asbl Fête de la Musique Vanessa Cum.
"De Moien hate mer um hallwer néng scho Concerten an der Stater Gare. An d'Stad Lëtzebuerg huet dëst Joer fir d'alleréischt Kéier 13 verschidde Bünen uechtert d'ganz Stad verdeelt, zréck um Knuedler, wéi mer grad gesinn, an och op der Place de Paris. Dat ass eng ganz nei Bün, déi exklusiv Jazz -Cancerte weist. Mir hu muer zum Beispill dee ganzen Dag laang Concerte vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, A wat ech Iech kann un d' Häerz leeën ass, Sonnden um Mëtten um dräi Auer wäerten aacht Kannerchéier op der Kinnekswiss sangen."
Et sinn 20 verschidde Gemenge, déi matmaachen. Dës Editioun dauert nach bis den 21. Juni, den offiziellen Internationalen Dag vun der Musek.
"Mir hunn iwwer 30 verschidden Organisateuren, déi dat alles organiséieren, déi hire Budget vun de jeeweilege Gemengen hier kréien. An awer och eis ASBL hëlleft verschiddenen Organisateure mat engem klenge Cachet, fir ebe grad och déi lokal Kënschtler mat ze ënnerstëtzen. Et ass eis immens wichteg, fir net just deene lokale Kënschtler eng Plattform ze bidden, mee och de jonke Museker."
Fir déi nächst Jore soll d'Accessibilitéit héichgehale ginn, fir eebe grad de Leit ze weisen, wa se mam Rollstull ënnerwee sinn, bei wat fir enger Bün se gutt bäikommen.
A méi Informatioune fannt Der um Internetsite fetedelamusique.lu do gitt der alles gewuer, wou déi eenzel Concerte wäerten déi nächsten Deeg stattfannen.