D'Ikon aus der Lëtzebuerger Punk-Rock-Zeen a Member vun "Déi Lénk" ass an der Nuecht op e Méindeg gestuerwen.

"De Pascal vu Wooltz" - mam biergerlechen Numm Pascal Alff - ass an der Nuecht op e Méindeg am Alter vun 42 Joer gestuerwen. Dat huet seng Band Weakonstruction e Méindeg via sozial Medie matgedeelt. De Museker a Politiker war net bestuet an hat och keng Kanner.

Wärend der Corona-Pandemie huet "de Pascal vu Wooltz" mat eise Kolleege vun RTL Today. zesummegeschafft, fir en Optrëtt aus senger eegener Stuff live ze streamen an esou de Leit, déi wéi hien och doheem hu musse bleiwen, e bëssen Entertainment an déi véier Wänn ze bréngen.

"De Pascal vu Wooltz" live akustik Versioun vun "The Room"

Nach ganz rezent war de Punk-Rocker an enger Rocklab Live Sessions ze gesinn an an deem Kader war de Pascal Alff och um Radio, fir iwwer dësen Optrëtt ze schwätzen.

Politesch war de Museker aus dem Norden och engagéiert. Als Member vun "Déi Lénk" hat hie sech fir d'Chamberwalen 2023 opgesat.

Op Nofro huet d'Band confirméiert, datt de Pascal Alff bei engem trageschen Autosaccident op der A7 ëm d'Liewe komm ass. Am Numm vun der ganzer Redaktioun drécke mir der Famill, de Frënn a Fans an Trauer eist Bäileed aus.