Konschtwierker an engem onkonventionelle Kader presentéieren an hir Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun an direkten Austausch mam Public bréngen - dat ass zanter 2016 d’Konzept vun der Fuelbox.

D’lescht Joer war déi grouss Kollektiv-Expo an der fréierer Citroëngarage op der Cloche d’Or. Hiren 10. Gebuertsdag feiert se lo zu Beetebuerg.
 
Ëm déi 60 Kënschtler a Kënschtlerinnen aus Lëtzebuerg an der Groussregioun hu fir dës 10. Editioun vun der Fuelbox déi al Ateliere vun der Beetebuerger Gemeng an eng ephemère Konschtgalerie verwandelt. An och dëst Joer waren nees sou gutt wéi all Forme vun der bildender Konscht vertrueden.

An engem Raum zimmlech am Ufank vun der Expo entdeckt een z.B. Molereie vum Chantal Blasen a Skulpture vum Assy Jans, déi quasi zu den ale Fuelbox-Huese gehéieren.
 
Wann een duerch d’Ausstellung geet, entdeckt ee besonnesch vill jonk an nei Artisten, deenen d’Fuelbox eng gutt Vitrinn a eng wichteg Austauschplattform bitt. Sou wéi d’Graveurin Florence Everling, déi fir d’zweet Kéier mat dobäi ass. Si mécht Gravuren op Holz, Lino a Koffer.

Fir d’Textilkënschtlerin Charlie Holper ass et déi éischt Fuelbx-Erfarung. Si presentéiert hei Installatiounsaarbechten aus recycléiertem Stoff.

De Vernissage um leschten Donneschdeg war op alle Fall ee vollen Erfolleg an d’Organisateure wéi d’Yvette Rischette, de Laurent Turping an de Rol Steimes sinn houfreg op dat, wat si iwwer mëttlerweil schonn 10 Joer op d’Bee gestallt hunn.

Bis den 10. August kann ee sech d’Expo op der Nummer 100 an der Rue d’Abweiler all Weekend vu freides bis sonndes vu 14 bis 19 Auer ukucken. Wéi bei all de Fuelbox-Expoen ass och hei den Entrée gratis.