
De Centre national de l’audiovisiuel organiséiert tëschent dem 27. Juli an dem 31. August de “So So Summer”.
Hei kritt en Abléck an d’Archive vum CNA, dat ganzt ënnerstrach mat Musek, DJen leen hei op an national wéi international Bands spille kleng Concerten.
Den audiovisuelle Patrimoine suergt dofir d’Vergaangenheet an de Käpp vun de Leit bléift, dës Iddi stréckt sech schonn iwwer déi lescht Editiounen.
Zanter der éischter Editioun 2013 ass de “So So Summer” ëmmer méi gewuess, an dëst Joer mat der Neiegkeet, datt et vum 22 Auer un net eriwwer ass, mä et an der ganz neier “Kantin Diddeleng”, um Site Nei Schmelz, weider geet mat enger After-Party.
Nieft der Musek an den Archive kritt een awer och nach tëschent 18 Auer bis 20 Auer eng Visitt guidée vun der Expo “The hand that topples the tower” vum Vanessa Brown a Mike Bourscheid.
Organiséiert sinn awer 3 sougenannte “Special Nights":
“Carte blanche du Fotoclub de Dudelange” den 3. August
Dës Kollaboratioun mam Fotoclub Diddeleng ass fir Leit mat an ouni Experienz an der Fotografie. An hirem interaktive Fotosatelier kann ee sech selwer an der Fotografie ausprobéieren. Déi schéinste Fotoe ginn dann och geprint an et kann een säin Owend op éiweg bei sech behalen.
“Giddy Flame” de 24. August
Et ass eng Performance vun de kanadesche Museker Michelle Helene Mackenzie a Scott Gailes. An hirem Stéck spille si mam Thema vun der Nuecht. Dreem, Albdreem, Paranoia a psychedelesch Experienzen. Et ass eng Mëschung aus enger elektronescher Soundkuliss an Opnamen aus der Nuecht, vu Sonnenënnergang bis Sonnenopgäng.
“Full Moon Creatures” den 31. August
Filmausschnëtter ginn hei gemëscht mat Gespréicher. Hei kann een iwwer modernen Horrorkino mam Yves Steichen schwätzen. Dat ganzt ass op Lëtzebuergesch an ab dem Alter vu 16 Joer.
Weider Detailer op www.cna.lu