
E puer Delhaize-Supermarchéë waren an der Nuecht op e Méindeg Affer vun enger Cyberattack ginn, déi Frigoen a Killtrue viséiert hat. Et ware virop d'Butteker an der Belsch, e puer Dose Stéck awer och an e puer Filialen zu Lëtzebuerg. Dat huet eng Spriecherin vun Delhaize RTL géigeniwwer confirméiert.
D'Firma hätt deemno direkt déi néideg Mesurë geholl, fir d'Supermarchéen operativ ze halen an och ze kucken, datt d'Produite frësch bleiwen. Wéi eng Butteker zu Lëtzebuerg konkret betraff sinn, huet Delhaize an der Äntwert un d'RTL-Redaktioun net preziséiert.