
Den Alec Baldwin hat jo op den Dréiaarbechten fir de Film “Rust” mat enger Requisite-Pistoul a Richtung vun der Kamerafra geschoss, déi awer mat schaarfer Munitioun geluede war. Dobäi gouf d’Hutchins déidlech blesséiert.
D’Decisioun fir den Alec Baldwin wéinst dem Punkt vum net-gewolltem Doutschlag unzekloen, gouf e Freideg bekannt ginn, nodeems eng Grand Jury zu New Mexico d’Beweiser gehéiert hunn, déi vun den Ermëttler Kari Morrissey an Jason Lewis virgeluecht goufen.
Am Fall wou de Baldwin géif verurteelt ginn, kéinte bis zu 18 Méint Prisong op hien zoukommen. En Datum fir de Start vun de Verhandlungen, gouf nach net festgeluecht.