2019 gouf fir d’Chrëschtzäit d’Geschicht vum Rabonzel nei interpretéiert an zejoert war et dat manner bekannte Grimm-Märchen “Bridderchen a Schwësterchen”.
“All d’Déieren aus dem Bësch” nennt sech d’Geschicht, déi elo, kuerz virun de Chrëschtdeeg, op zäitgenëssesch Manéier vum Elise Schmitt an Anne Simon am Groussen Theater nei inzenéiert gëtt.
Dobäi geet et ëm e Brudder an eng Schwëster, déi Dag fir Dag vun hirer Stéifmamm, der Madamm Malfi, vernannt a bestrooft ginn. Souguer fir deem neie Kinnek säi Fest, op dat all déi Jonk aus dem Kinnekräich invitéiert sinn, sollen déi zwee am Haus bleiwen a schaffen. Ma de Brudder an d’Schwëster maache sech heemlech duerch d’Bascht. Op deem grousse Fest gi si eng ellen a geféierlech Wourecht gewuer a si lafe fort, bei déi wëll Déieren aus dem Bësch. Et ass eng Inzeenéierung, déi ee grousse Raum fir Kreativitéit bitt an och mat all de Mëttelen vum Theater schafft. Mat vill techneschem Opwand, Danz a Musek, gëtt op der Bün vum Groussen Theater eng fantasievoll a spannend Märchewelt zum Liewen erwächt.
A wéi dee grousse Succès vu leschtem Joer bewisen huet, mécht et och genee sou vill Spaass dëst Stéck ze kucken.
Vum 18. bis den 21. Dezember ass dat multidisziplinäert Stéck am Groussen Theater ze gesinn. D’nächst Joer ass et da nees un engem neie Märchen.