Zu SchëfflengAm Musée vun de Schmelzaarbechter

RTL Lëtzebuerg
Den Alain Guenther a Victor Merens hunn um Arbed-Site zu Esch-Schëffleng geschafft. Nodeems d'Schmelz zougemaach gouf, hu si e Musée ausgeschafft.
Am Musée vun de Schmelzaarbechter
Den Alain Guenther a Victor Merens hunn um Arbed-Site zu Esch-Schëffleng geschafft. Nodeems d’Schmelz zougemaach gouf, hu si e Musée ausgeschafft.

“Ugefaangen huet et mat engem Kaffiskränzche mat Leit, déi an de Kolonië ronderëm d’Schmelz gelieft hunn”, erënnert den Alain Guenther sech. “Du sot deen een: ‘Ech hunn nach en Hummer doheem, dee mäi Papp vun der Schmelz matbruecht huet.’ Deen aneren hat eng Zaang, deen aneren eppes nach méi Spezielles an esou ass dunn eng Sammlung zesumme komm.”

Iwwer d’Joren ass d’Kollektioun ëmmer méi grouss ginn. Deelweis hu fréier Schmelzaarbechter oder hir Familljen hinnen Done gemaach - deelweis huet hinnen och d’Arbed Saachen zur Verfügung gestalt. Iergendwann krute si eng designéiert Plaz um Site zougedeelt. Hei hu si mat der Zäit e Musée opgebaut, deen d’Visiteure kënne besiche kommen. Donieft hu si och mat e puer Volontairen aus der Gemeng en Atelier opgeriicht, wou si al Objete vun der Schmelz restauréieren, déi dann ausgestallt ginn.

De leschte Weekend gouf de Projet fir den neie “Quartier Alzette” presentéiert, deen um Sëtz vun der fréierer Metzeschmelz soll gebaut ginn. Gläichzäiteg soll de Patrimoine vun der Stolindustrie erhale bleiwen, esou dann och de Musée, deen an Zukunft an d’Pompelhaus plënnere soll.

Back to Top
CIM LOGO