
Den amerikanesch Kënschtler Peter Max ass dout. Dat mellt d'US-Tëleeschâine ABC News.
De Max gouf 1937 zu Berlin gebuer. Seng Famill huet Däitschland kuerz drop op der Flucht virum Nazi-Regimm verlooss. An den 1960er Joren war seng Konscht staark psychedelesch inspiréiert. Een vu sengen am meeschte bekannte Wierker aus dëses Zäit ass de Cover vum Beatles-Album "Yellow Submarine".
An den 1980er Joren huet hien den éischte Logo vun der Tëleeschaîne "MTV" entworf an 1994 war hien den "offizielle Kënschtler" vun der Futtball-Weltmeeschterschaft an den USA.