Inspiréiert huet sech d’Lou Koster fir dës Operett un hirer Schwëster Laure genannt Lory Koster déi 1924, béi den Olympesche Spiller Lëtzebuerg als Schwëmmerin representéiert huet. “An der Schwemm” erzielt d’Geschicht vum Lory, dat an de Schwammmeeschter verléift ass, wärend se sech géingt d’Avance vun engem Fonctionnaire verdeedege muss. À priori e klassescht Liebesdreiéck, ewéi et der genuch ginn. Ma “An der Schwemm” iwwerrascht duerch eng ganz modern, emanzipatoresch Approche, sou d’Metteuse en Scène Marion Rothaar.
Gesonge gëtt op Lëtzebuergesch. De Batty Weber hat eng vun de Fassunge vum Libretto gedicht, wat et fir d’Sänger:innen net onbedéngt méi einfach mécht, de Kapp iwwer Waasser ze halen.
Als Kappsprong an d’lëtzebuergesch Museksgeschicht beschreift den Escher Theater dëst Stéck. Déifgrënneg genuch ass de Pool un Iddien a Gedanken déi d’Stéck verschafft op jiddefalls. Woubäi och de Spaassfaktor hei op kee Fall ze kuerz kënnt.
D’Stéck leeft de 27. an 28. Januar am Theater vun Esch a gëtt dann och am CAPE an am Summer op weidere Plaze opgefouert.