
Ënnert engem Gebai op der Île de la Cité zu Paräis ass dëse Summer eng ronn 20 Meter laang Mauer aus der gallo-réimescher Zäit entdeckt ginn.
De franséische Kulturministère schwätzt vun engem "wichtegen Duerchbroch", well d'Entdeckung d'Theorie kéint stäerken, datt d'Urspréng vum antike Paräis, deemools Lutetia genannt, op der Île de la Cité leien.
D'Mauer gëtt als Deel vun de Befestegunge vum gallescher Stamm vun de Parisii ugesinn. Spuere vun engem Feier goufen entdeckt. Kuelestoffanalysen hunn d'Iwwerreschter op d'Zäit tëscht 200 an 10 viru Christus datéiert.
Bis elo gouf d'Île de la Cité als Zentrum vum antike Lutetia ugesinn. Verschidden archeologesch Fuerschunge stellen awer Nanterre westlech vu Paräis als méigleche Standuert vum urspréngleche Siidlungszentrum an de Raum.