Kino aus LëtzebuergÄppel a Bieren, wann e Film sech selwer finanzéiert

RTL Lëtzebuerg
Einfach maachen. Mat där Astellung hunn de Lukas Grevis an d'Louise Gras hire Filmprojet Äppel a Bieren an d'Liewe geruff.
Filmprojet Äppel a Bieren
Einfach maachen. Mat där Astellung hunn de Lukas Grevis an d’Louise Gras hire Filmprojet Äppel a Bieren an d’Liewe geruff.

Eng Geschicht iwwert d’Erwuesse ginn, déi sech do ofspillt, wou de Realisateur vum Film, de Lukas Grevis, selwer opgewuess an erwuesse ginn ass, zu Esch a sengem Familljenhaus.

Wat bei dësem Projet besonnesch erausstécht, ass, datt e sech eleng duerch eng lafend Kickstarter-Campagne an dem Engagement vun de Bedeelegten iwwer Waasser hält. Eng Virgoensweis vum Realisateur, déi och mat der Geschicht vum Film iwwertenee stëmmt.

Eng Iddi, déi ewéi et schéngt, gutt opgaangen ass. Niewent der Produktioun- an der technescher Ekipp konnt Äppel a Bieren och op d’Ënnerstëtzung vun etabléierten Nimm aus der lëtzebuergescher Filmwelt zielen ewéi de Luc Schiltz, d’Sasha Ley a souguer de Sänger Chaild, deen hei säin Debut um groussen Ecran feiert. E klore Beweis fir den Zesummenhalt an der Zeen an dofir, datt den hei den Apel net wäit vum Bam gefall ass.

Back to Top
CIM LOGO