
Zanter e puer Deeg gëtt an Däitschland ëffentlech iwwert d’Winnetou-Geschichte vum Karl May diskutéiert. De Ravensburger Verlag huet no villen negative Reaktioune säin neit Kannerbuch am Kader vun engem neie Winnetou-Film zréckgezunn.
Um däitsche Fernseesender ARD wäerten d’Winnetou-Filmer net méi ze gesi sinn. Wéi et op Nofro hi geheescht huet, hätt dat awer näischt mam aktuelle Kontext ze dinn. Vill méi wieren d’Lizenze schonn 2020 ausgelaf an et géif een och keng nei méi kafen. De Bayresche Rundfunk an den ZDF dogéint wëllen d’Filmklassiker weider weisen.