"Vill negativ Réckmeldungen"Ravensburger zitt Kannerbuch "Der junge Häuptling Winnetou" zeréck

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Ravensburger Verlag huet den Ament Kritiker op alle Säiten.
© https://de.wikipedia.org/wiki/Datei:Ravensburger_Spiele_Verlag_Ravensburg.jpg by Artphotography RMC 1972 via Wikipedia (CC BY-SA 4.0)

Nodeems ronderëm d’Publikatioun vum Kinofilm “Der Junge Häuptling Winnetou” an dem dozougehéierende Kannerbuch an Däitschland eng Polemik entstanen ass, si géife rassistesch Stereotyppe reflektéieren, huet den Editeur vum Buch elo decidéiert, den Titel nees aus de Regaler ze huelen. D’Liwwerung gëtt deemno gestoppt an d’Kannerbicher fir Lieser vu siwe Joer u gi komplett aus dem Programm geholl. Wéi den däitsche Spiegel schreift, sollen och ee Stickerbuch an ee Puzzle aus dem Verkéier gezu gi sinn.

D’Decisioun wier no de “villen, negative Réckmeldungen” zum Buch, déi virun allem am Internet kurséiert sinn, gefall. Dat schreift de Verlag Ravensburger op hirer Instagram-Säit. “Äre Feedback huet eis däitlech gewisen, datt mir mat de Winnetou-Titelen d’Gefiller vun anere blesséiert hunn. Dat war ni eis Intentioun a passt och net zu eise Ravensburger Wäerter.”

E Spriecher huet erkläert, Ravensburger wier “zu der Iwwerzeegung komm, dass en Vue vun der geschichtlecher Wierklechkeet, der Ënnerdréckung vun der indigener Populatioun, hei ee romantiséiert Bild mat ville Klischeeë gezeechent gëtt.” D’Decisioun, d’Bicher ze publizéieren, géif haut net méi esou falen. Et géif een aus senge Feeler léieren, esou nach den Editeur op Instagram.

Mee och de Mea culpa vum Ravensburger Verlag suergt elo fir Diskussiounen. Ënnert anerem de Vize-President vum däitsche Bundestag, de Wolfgang Kubicki, an d’Schauspillerin Uschi Glas hu kritiséiert, datt d’Buch elo aus dem Programm geholl gëtt. “Wa mir all Kéiers Récksiicht huelen, wann ee sech duerch Rastaen oder harmlos Kannerbuchgeschichte kulturell iwwerfuerdert fillt, komme mir iergendwann net méi aus dem Récksiicht huelen eraus”, esou de Politiker. De Karl-May-Expert Andreas Brenne huet der “Neuen Osnabrücker Zeitung” géigeniwwer iwwerdeems gesot: “Ech halen et net fir richteg, esou ee Buch just wéinst engem Shitstorm aus dem Verkéier ze zéien.”

Back to Top
CIM LOGO