Expert bei "derwäert"Armand A. Wagner mat 69 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Armand Wagner, bekannten Antiquaire an ee vun den éischten Experten aus der RTL-Serie "derwäert", ass am Alter vun 69 Joer gestuerwen.
Den Armand Wagner war an der éischter Staffel "derwäert" als Expert ze gesinn.
Den Armand Wagner war an der éischter Staffel "derwäert" als Expert ze gesinn.
© RTL

E Freideg huet RTL déi traureg Nouvelle kritt, dass den Armand A. Wagner gestuerwen ass. Den Antiquaire an agreéierten Expert um ieweschte Geriichtshaff war an der éischter Staffel vun der RTL-Serie "derwäert" als Expert ze gesinn.

Hie war spezialiséiert op lëtzebuergesch Antiquitéiten, modern Geschicht an hat méi wéi 45 Joer Erfarung. Zäitweis huet hien dräi Antiquitéitebutteker gläichzäiteg geleet. Op enger Auktioun hat hien d'déck Zéif vun der Gëlle Fra gesteet, déi 1940 vun de Nazien zerstéiert gi war. Op enger anerer Stee hat de passionéierte Sammler sech dem Charlie Chaplin seng Schlofkummer geleescht. Méi wéi 7.000 Bicher iwwer Konscht an Antiquitéite soll hie besiess hunn.

Der Famill vum Armand Wagner, deen no laanger Krankheet gestuerwen ass, drécke mir eist déifste Matgefill aus.

An der éischter Staffel vun der RTL-Emissioun "derwäert" war den Armand Wagner als Expert dobäi.
An der éischter Staffel vun der RTL-Emissioun "derwäert" war den Armand Wagner als Expert dobäi.
© RTL

Back to Top
CIM LOGO