Serving the children of the world, dat heescht, sech fir d’Kanner an dëser Welt asetzen. Sou de Slogan vun der ASBL Kiwanis Gëlle Fra, déi eng Ausstellung an der Gallerie 39 zu Dideleng organiséiert huet. Dobäi läit de Fokus esouwuel op der Konscht ewéi op der Solidaritéit.
Philanthropen ewéi och Konschtbegeeschterter kënne sech nach bis de 14. Januar, freides bis sonndes, dës Ausstellung ukucke kommen.