Wann eng Lëtzebuerger Associatioun sech traut, engem franséische Verlag ze proposéieren, en Episod vum Asterix, hei am Land spillen ze loossen, fënnt een déi Iddi fir d’éischt emol bizare, an dann awer zimmlech « cool » ! Abee, d’Ricciacus-Frënn vun Duelem hunn en Dossier bei d’Editions Albert René geschéckt, mat enger Presentatioun vun hirem faméise réimesche Site a mat Suggestioune wéi eng aner typesch Lëtzebuerger Attraktiounen een an dësen Asterix kéint mat eran huelen. Mee kaum do ukomm, wou d’Potion Magique gebraut gëtt, goung en zréck op Ricciacus. Hir Äntwert : Zenarioen intresséieren eis net, mir schécken iech den Dossier heimat zréck, ouni e gekuckt ze hunn. Wa se zu Duelem och scho liicht domat gerechent haten, hëlt dat dem Site awer näischt vu senger Eenzegaartegkeet. De gutt erhalenen Theater ass bekannt, mee uewen um Plateau louch, tëscht Metz an Tréier, eng ganz Stad, Ricciacum, mat 2.500 Réimer.