Fir dass alles opgeet, gouf den originellen Text awer ëm ronn 1/3 gekierzt.
Well d’Acteuren anerwäerteg Projeten an der Tëschenzäit haten, hat d’Ekipp schlussendlech nëmmen eng knapp Woch, fir déi ganz Filmproduktioun op d’Been ze stellen an een Dag, fir alles ze filmen.
„The End My Friend” zielt d’Geschicht vun zwee jonke Männer – Noah a Luka - déi sech schwéier dinn, een deen aneren ze verstoen. Ee vun de Grënn? De Luka ass grad aus dem Ausland zeréckkomm an huet Problemer, sech zu Lëtzebuerg erëmzefannen. D’Resultat ass eng staark Depressioun mat fatale Konsequenzen.
De Lëtzebuerger Kënschtler Georges Goerens, och bekannt als Barteby Delicate, huet d’Musek fir d’Stéck gemaach. Dat war och déi éischt Kéier, dass de jonke Kënschtler un enger Theaterproduktioun matgewierkt huet.
„The End My Friend” kann ee vum 1. Mäerz u fir e Mount um Site vun der Schungfabrick streamen.