
Mat der rezenter Upassung vum Gesetz iwwert d’Reorganisatioun vun de staatleche kulturellen Instituter, wäerte béid Strukturen den Numm änneren. Well d’Archeologie ee vun de Piliere vun der Kollektioun vum Institut ass, dréit dësen elo den Numm “Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art”. Dat deelt den MNAHA e Méindeg an engem Schreiwes mat.
De Musée heescht dann zanter e Méindeg offiziell “Nationalmusée um Fëschmaart”. Deemno gëtt d’Ofkierzung vum Institut, anescht wéi bis ewell, net méi als Numm vum Musée benotzt.
