
Bundeswäit ass et zu Virfäll komm, bei deenen an de Séissegkeeten, déi Kanner op Halloween gesammelt hunn, spatz a metalle Géigestänn fonnt gi sinn. D'Police huet an enger Rei Bundeslänner sëllegen entspriechend Meldunge kritt a rifft Elteren op, besonnesch virsiichteg ze si bei de gesammelte Séissegkeeten. Et géing sech virun allem ëm Stécker Schockela a Kamelle fir ze knaen handelen.
Wéi et vun de Beamten heescht, wieren a Bayern, Baden-Württemberg, Sachsen-Anhalt, Nordrhein-Westfalen, Niedersachsen, Schleswig-Holstein, Brandenburg, Rheinland-Pfalz, Hessen an Thüringen vergläichbar Fäll gemellt ginn. Op d'mannst ee Kand huet sech blesséiert, wéi et an Niedersachsen op eng verstoppten Nol gebass huet. An de meeschte Fäll geet d'Police vun express manipuléierten Artikelen aus an ermëttelt wéinst versichter geféierlecher Kierperverletzung.
Nieft Nole wieren och Neel, Schrauwen a Klameren aus Tackeren an de Séissegkeete fonnt ginn. Ob et en Zesummenhang gëtt, ass nach onkloer. Och konnt net ermëttelt ginn, wou a bei wiem d'Kanner op hiren Tier duerch d'Noperschaft un déi preparéiert Artikele komm sinn. Eltere sinn opgeruff, déi gesammelt Séissegkeete vun hire Kanner genee z'iwwerpréiwen a bei Verformungen oder ongewéinlechem Ausgesinn d'Autoritéiten z'alarméieren.