U sech hätt d’Ausstellung solle leschten Hierscht opgoen. Wéinst der Pandemie hu d’Ouverture dunn awer mussen op dëse Mäerz verréckelt ginn. Den Uwe H. Martin ass een investigative Journalist vun Hamburg. No senge Fotojournalismus-Studien huet hien zesumme mat senger Fra, dem Frauke Huber, decidéiert, sech selbststänneg ze maachen an de Wee vum sougenannte Slow Journalismus ze goen.
Beim Slow Journalismus geet et méi drëms, eng Evolutioun ze dokumentéieren an net wéi an den traditionellen News-Formater, eng Momentopnam ze maachen. Fir dat kënnen ze maachen, verbrénge si dacks puer e Wochen um Stéck an de jeeweilege Länner a mat deenen nämmlechte Protagoniste sur place – virun allem d’Frauke, dat dacks méintelaang mat de Protagoniste op der Plaz wunnt a sech richteg an hiren Alldag integréiert.
2007 huet d‘Koppel mat hirem éischten investigative Projet ugefaangen. Bei „White Gold“ ass et ëm d’Produktioun vu Kotteng gaangen. An der Tëschenzäit sinn nach zwou weider Investigatiounen dobäi komm: „LandRush“ an „Dry West“.
Obschonns et dräi verschidden Investigatiounssträng sinn, ass d’Thema awer wäitleefeg ëmmer dat selwecht. An zwar geet et ëm Landwirtschaft - méi spezifesch, di verschidde Problematiken, déi global mat där Branche zesummenhänken.
Zil ass et, d’Spectateuren zum Nodenken ze bréngen an op d’Problematiken an der Agrikultur opmierksam ze maachen.
“LandRush“ kann een nach bis den 29.August an d’Pomhaus op Diddeleng kucke goen.