Ob Schoulgäert, Parken oder de Geméisgaart: an der Ausstellung “Vu Gäert a Bicher” gëtt d’Natur op verschidde Manéiere valoriséiert. Och den eelste Gaart zu Lëtzebuerg, de Klouschtergaart zu Iechternach, huet hei seng Plaz fonnt.
D’Geschicht vun de Lëtzebuerger Gäert gëtt illustréiert duerch Plakater, Postkaarten, Gravuren, Bicher, Zeitungen, awer och historesch Fotoen, Pläng fir Gäert, déi ni realiséiert goufen, a souguer Rousegäert vu Lëtzebuerger Komponisten. D’Ausstellung weist also net nëmme konservéiert Dokumenter, mä presentéiert och dat Wëssen, wat an dëser Zäit festgehale gouf. Et kann ee vun engem flotte Bouquet aus Litografien a Wieder aus den 1830er Jore schwätzen.
D’Ausstellung “Vu Gäert a Bicher” kann een nach bis den 13.Januar 2024 kucke goen.