
Ma nieft senge zwou Paraderolle war den John Barry Humphries e Star vum Londoner Musical Theater, e Produzent a Skrypteschreiwer am Film, e Schrëftsteller an talentéierte Landschaftsmoler. Vill Leit kennen awer och d’Stëmm vum Humphries, déi hien ënner anerem am engleschen Original vum Film “Finding Nemo” dem Hai Bruce geléint hat.

Gestuerwen ass den Australier am Alter vun 89 Joer dëse Samschdeg zu Sydney, datt u Suitte vu Komplikatiounen no enger Hëft-Operatioun.