Prix de la sculpture 2022Auszeechnung fir dem Pit Molling säin "Elephant in the room"

RTL Lëtzebuerg
Fir déi zweet Editioun vum Prix de la sculpture ass d'Wierk "The Elephant in the room" vum Pit Molling ausgezeechent ginn.
Auszeechnung fir dem Pit Molling säin "Elephant in the room"
Fir déi zweet Editioun vum Prix de la sculpture ass d’Wierk “The Elephant in the room” vum Pit Molling ausgezeechent ginn.

Dëse gräift op e ganz moderne Medium zeréck: d’Digitalisatioun.

Vu wäit gesäit dat ausgezeechent Wierk aus, wéi eng klassesch Skulptur aus Steen. Wann ee méi no geet, erkennt een awer, datt d’Material e ganz anert ass. Plastik, oder PLA fir genee ze sinn. Eng Zort Plastik, déi net op Basis vun Ueleg entsteet an industriell ofbaubar ass. Dem Pit Molling seng Bildheeërei passéiert nämlech digital.

“Ech hunn no engem Medium gesicht, dat mat menger Technik an der Zeechnung passt an dat war dunn 2016, wou ech den 3D-Print entdeckt hunn an dunn hunn ech gewosst: dat do muss et sinn”

No dem digitalen Zeechen an dem Ofschloss op der Konschtakademie zu Essen, huet seng Begeeschterung fir Skulpturen hien dozou bruecht, sech säi Material am 3D-Printer ze drécken an et dann dono op der Hand zesummenzeformen. Dat war och d’Ursaach, fir den unanime Vott vum Jury. Wéi d’Nathalie Becker aus der Galerie Schlassgoart preziséiert.

“Il y a des formes qui sont assez classiques, donc cela se rapproche de la sculpture organique et bien évidemment la modernité de sa fabrication, de sa matière de cette impression 3D”

Konscht mam 3D-Printer ass eng individuell Manéier, ze schaffen an ze kreéieren, mä de Printer brauch awer virun allem vill Zäit an d’Wierker kréien eng bestëmmt Struktur. Besonnesch well de Pit Molling eng eegen Technik applizéiert.

“An déi Struktur, déi ergëtt sech aus der Technik eraus, déi ech elo asetzen, datt déi Maschinne méi schnell a méi fléissend kënne schaffen”

Nach e Wuert zum Titel: “The Elephant in the room” huet och seng digital Erklärung, sou de Pit Molling.

“Et gëtt dacks vun enger digitaler Revolutioun geschwat, ech menge mir sinn eis all bewosst, datt do eppes kënnt, mee et ass eppes, wat mer net wëllen uschwätzen. Also ass et e bëssi wéi den Elefant am Raum, vun deem et offensichtlech ass, datt en do ass, awer kee wëllt en uschwätzen”

De Prix de le sculpture ass dotéiert mat 8.000 €. Ausgestallt sinn d’Wierker vum Pit Molling, mä och déi aner Wierker, déi fir de Präis eragereecht goufen, nach bis de 5. November an der Galerie Schlassgoart zu Esch.

D’nächst Woch ass de Pit Molling och den Invité am Kulturpodcast Podpurri.

Back to Top
CIM LOGO