
Inspiréiert gouf de jonke Choreograph net vun enger spezifescher Situatioun, mä allgemeng vum Prozess vum Erwuesse ginn. D’Stéck weist op der enger Säit déi mënschlech Imaginatioun, d’Wënsch an Dreem, déi een esou huet. Op der anerer Säit gëtt d’Realitéit thematiséiert, sou wéi mir se duerch eis subjektiv Lëns gesinn.
“Mir konzentréieren eis am Stéck haaptsächlech op de Fakt, dass d’Connectioun tëschent deenen zwee Aspekter dacks net fléissend aneneen iwwergeet”, erkläert de William. “Als Kand kritt een ëmmer alles als schéin a léif presentéiert an duergestallt. Mat de Jore mierkt een dann awer, dass dat net de Fall ass. D’Welt ass net ëmmer schéin. Et mécht een Erfarungen, déi net deenen Erwaardungen entspriechen déi een hat, an dat kann zu Depressiounen, Panik an Angscht féieren.”
Een aneren Aspekt, deen am Stéck eng zentral Roll anhëlt, ass d’Thema Gewalt. “Mir sinn am Alldag dacks domat konfrontéiert, sief et duerch Filmer, Videospiller oder och Medien. Ech hunn am Gefill, dass meng Aarbecht an ech eng Konsequenz sinn, vun där Welt an där mir liewen, an dofir fannen ech et wichteg, och esou Experienzen op der Bün ze weisen an net nëmmen ‘l’art pour l’art’ ze maachen.”
Representéiert ginn dës zwou Extremitéiten op der Bün vun zwou Dänzerinnen - dem Alice De Maio a Cheyenne Vallejo. Vue dass et sech ëm een Duett handelt, wier et ëmsou méi wichteg gewiescht, dass déi zwou Dänzerinne perfekt openeen ofgestëmmt sinn. “D’Cheyenne kennen ech nach aus der Schoul. Wéi et dunn drëms gaangen ass, eng zweet Dänzerin ze fannen, hu mir eng Auditioun gemaach, well mir eng neutral Energie an dësem Mix wollten hunn”, erënnert de William sech. “Fir déi Connectioun tëschent hinnen ze verstäerken, hu mir vill mat meditativen Otemübunge geschafft an Exercicer gemaach, spezifesch fir d’Angscht ewech ze huelen, déi aner Persoun unzepaken. Mir waren eng ganz Woch zu Lyon an do konnte mir eis wierklech just op eis konzentréieren - kee Public, keng Erwaardungen, just un der Connectioun schaffen. Duerno ware mir gutt openeen ofgestëmmt.”
Ugefaangen um Stéck ze schaffen huet de William, zesumme mat senger Produzentin Léa Wiplier, virun zwee Joer. Zanterhier hunn si eng Rëtsch Residenzen organiséiert fir d’Stéck ze verfeineren. Dat finaalt Resultat gesäit een de 27. an 28. Oktober am Escher Theater. Ticketen a méi Informatioune ginn et hei.