Villa KutterBack to the Roots

Monique Kater
De bekannte Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter hat sech 1929 um Lampertsbierg en Doheem am Bauhaus-Stil opgeriicht.
Villa Kutter gëtt nees BAUHAUS
De bekannte Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter hat sech 1929 um Lampertsbierg en Doheem am Bauhaus-Stil opgeriicht.

No zeg Ëmbaute kritt d’Gebai elo erëm säin Design vun deemools zréck.
Dat éischt Bild vun der Villa Kutter ass op 1930 datéiert. Eet ass e Gebai am Stil vum Bauhaus, enger Konschtschoul, déi duerch Nimm wéi Walter Gropuis oder Le Corbusier bekannt ginn ass. Dës Architektur huet, mat senge klore Linnen, dat Praktescht an de Virdergrond gestallt.

D’Haus vum bekannte Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter steet uewen um Lampertsbierg an der Pasteur-Strooss, a war ugangs 30er schonn eleng duerch seng flaach Diech, eng Kuriositéit.

Villa Kutter gëtt nees BAUHAUS

Si huet esou munches hannert sech, dës Villa…eleng d’Pläng goufen zeg mol geännert, schonn iert se stoung; dat wat dann 29-30 ze bestaune war, hat den Architekt Hubert Schumacher ënnerschriwwen. Dës Koppel hei stoung hannert der Iddi vum éischten Haus am Bauhaus-Design, hei zu Lëtzebuerg.

De Moler Joseph Kutter a seng Fra Rosalie wollten dee modernen einfachen a klore Stil fir hir Maison de Campagne, déi haut amgaangen ass, nees dat ze sinn, wat se emol war.

Wann ee vum Joseph Kutter schwätzt denkt een fir d’alleréischt un de Clown, de Cycliste an un d’Päerd. Meeschterwierker, zu deenen dat Architektonescht hei meeschtens net gezielt gëtt, well een et einfach iwwersinn huet.

D’Architektin Diane Heirend mécht dat hannescht, wat dohinner gehéiert, fléckt dat, wat iwwert d’Jorzéngte verschampeléiert ginn ass. Den INPSA, deen neie Sites et Monuments, hëlleft beim Nees-Zreckversetzen an d’Zäit vu Gropius a Le Corbusier.

D’Haus vum Joseph Kutter steet iwwregens ënner nationalem Denkmalschutz.

Back to Top
CIM LOGO