Neit Bild opgetauchtBanksy bekennt sech zu Graffiti um fréiere Prisong

RTL Lëtzebuerg
De brittesche Graffiti-Kënschtler Banksy huet sech op Instagram zu engem viru kuerzem opgetauchte Bild op der Mauer vun engem fréiere Prisong bekannt.
© AFP

Am Video op Instagram kann ee suivéieren, wéi d’Bild um Reading-Gebai entstanen ass. Dobäi benotzt hien d’Molsendung vum verstuerwene Kultmoler Bob Ross als Intro. Duerno da gesäit een, wéi de Kënschtler mat Schablounen a Spraydouse bei der Mauer hantéiert. Ob et sech ëm de Banksy selwer handelt, ass net z’erkennen.

D’Decisioun sech grad do ze veréiwegen, kënnt net vun ongeféier. De Justizministère, deem d’Gebai gehéiert an an deem de fréiere Schrëftsteller Oscar Wilde inhaftéiert war, wëll sech am Mäerz dofir decidéieren, dass de fréiere Prisong an eng Plaz fir Konscht ëmgewandelt gëtt.

Den neie Banksy-Graffiti weist e Mënsch a Prisongstenu, dee mat Hëllef vun engem Seel aus zesummegekniete Läindicher eng Mauer erofklotert. Um Enn vum Seel hänkt eng Schreifmaschinn.

De Prisong war 2013 zougemaach ginn.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO