Opreegung bei Academy AwardsBarbie als beschte Film, mä Greta Gerwig net beschte Regisseurin?

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg goufen d'Nominatioune fir d'Oscare bekannt a suergen zanterhier zu Hollywood e bëssi fir Opreegung.
© AFP

Mëttlerweil stellt och d’New York Times d’Fro, wéi et ka sinn, dass d’Academy zwar decidéiert, “Barbie” als “Beschte Film” ze nominéieren, awer weder d’Regisseurin Greta Gerwig nach d’Barbie-Actrice Margot Robbie an hire Kategorien nominéiert goufen. Dofir awer de männlechen Duersteller vum Ken, de Ryan Gosling. Deen huet sech dowéinst och zu Wuert gemellt a bedauert dës Decisioun.

Déi amerikanesch Aktivistin Charlotte Clymer huet sech och an engem Tweet gewonnert. Si schreift: “E Film, an deem et drëm geet, dass Fraen a patriarchale Strukturen ignoréiert ginn a meeschtens onsiichtbar sinn, gëtt also an 8 Kategorien nominéiert, awer déi Fra, déi de Film gedréint huet, net. Okay.

Back to Top
CIM LOGO