Kultur - Last MinuteBeethoven zu Miersch - Fotoen zu Esch - HerrBenderEdsun zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
E puer kulturell Rendez-vouse fir haut an de Weekend.

“Begegnung mit Beethoven” 2.4.2021 um 20 Auer am Mierscher Kulturhaus

Am Dezember war den 250. Gebuertsdag vum däitsche Komponist Ludwig van Beethoven. Op vill allerlee Manéier ass op d’Wierk vun dësem grousse Museker higewise ginn.

Am Kulturhaus zu Miersch invitéiert Kamerata Lëtzebuerg op e speziellen Owend mat Concert an Texter mat Extraiten vu Kammermusek-Stécker a Lidder vum Komponist Beethoven an engem Text vum Olivier Garofalo iwwer de Mënsch Beethoven.

© Caroline Martin

Mam Ensemble Kamerata Lëtzebuerg an dem Schauspiller Nickel Bösenberg.

Expo “Horizons of Luxembourg” an der Annexe22 zu Esch-Uelzecht 3. - 10.4.2021

Vum 3. bis den 10. Abrëll kann een an der Annexe22 zu Esch Wierker vun de litauesche Fotografen Artūras Morozovas an Tadas Kazakevičius gesinn. Dës Wierker sinn am Kader vum Concours “Horizons of Luxembourg” entstanen.

De Fotojournalist a Krichsfotograf Arturas Morozovas ass ee vun de Botschafter vun Kaunas 2022. Den Tadas Kazakevičius krut 2020 dn drëtte Präis an der Kategorie Portrait bei World Press Photo.

© Father and son. Tadas Kazakevičius

Domat soll d’Stad Kaunas aus Litauen an de Fokus gesat ginn, déi nieft Esch an Novi Sad aus Serbien, 2022 Europäesch Kulturhaaptstad ass.

Expo “Horizons of Luxembourg” Esch

“Herr Bender featuring Edsun” 2.4.2021 OpderSchmelz zu Diddeleng um 20 Auer

De Saxophonist Maxime Bender, de Percussionist Jeff Herr an de Sänger an Dänzer Edsun hu sech fir e besonnesche Projet zesummegedoen.

Op där enger Säit Jazzimprovisatioune vun HerrBender an op der aner Säit den RnB-Stil vum Edsun, deen nieft dem Gesank och den Danz op d’Bün bréngt.

Edsun - Voix & Danse

Maxime Bender - Saxophone

Jeff Herr - Batterie

Vitaliy Zolotov - Guitarre

Reza Askari - Basse

Expo “Each mirror has two sides” 1.-3.4.2021 KUFA Esch

Zwee verschidde Fotografen, wzou verschidden Approchen. D’Juana Valença an de Paulo Lobo hunn tëscht November 2020 a Februar 2021 op hir ganz eege Manéier an engem experimentelle Fotoshooting de Site vun der Kulturfabrik festgehalen.

Mat hire Biller weise se esou de Wee vun engem ale Schluechthaus bis bei en alternative Kulturzentrum.

© KUFA Lobo/Valença

“Begegnung mit Beethoven” am Kulturhaus Miersch
Herr Bender feat. Edsun OpderSchmelz

Back to Top
CIM LOGO