VeianenBei Ausgruewunge goufen 150 Skeletter fonnt

Pit Everling
D'Skeletter ginn elo vun engem externen Acteur gewäsch an am Detail analyséiert.
© RTL

Zu Veianen gëtt eng nei Jugendherberg gebaut. Bei den entspriechenden archeologeschen Ausgruewunge goufen ënnert dem Parking 150 Skeletter fonnt. Eng aussergewéinlech Decouverte... Dës mënschlech Iwwerreschter stame vun engem Kierfecht nieft der Trinitairer-Kierch, déi am 13te Joerhonnert gebaut gouf. De Kulturminister Eric Thill huet e Mëttwoch eng Visitt um Site gemaach.

Bei Ausgruewunge zu Veiane goufen 150 Skeletter fonnt.
D'Skeletter ginn elo vun engem externen Acteur gewäsch an am Detail analyséiert.

2021 war bei Stroum-Aarbechten um Site eng gotesch Fënster entdeckt ginn. Doropshi goufen et punktuell Fouillen an de Kierfecht ënnert dem Parking ass an den Zentrum vum Interessi geréckelt. Allerdéngs gouf ugeholl, datt am zweete Weltkrich de Gros vun den Iwwerreschter aus fréieren Zäiten zerstéiert gouf.

Begleed-Mesurë goufen en place gesat a bei de weidere Chantiersaarbechten huet sech eraus gestallt, datt et wuel vill ënnert der Place de la Résistance ze fanne gëtt. Den Institut fir archeologesch Recherche gouf informéiert an deen huet preventiv Ausgruewungen ordonéiert.

"Überraschend war, dass sehr viele Skelette kamen, also dass gar nicht so viel zerstört war, wie es nach hören-sagen übermittelt worden war: alles kaputt nach dem Krieg, das war gar nicht so", esou d'Andrea Bischof vum INRA.

An der Suite gouf decidéiert, d'Aarbechte fir d'Jugendherberg temporär ze suspendéieren a regulär Fouillen duerch ze féieren. Méi ewéi 150 Skeletter goufen dobäi bis ewell fonnt. D'Leit goufen deemools ouni Kleeder begruewen, dofir gëtt et am Moment nach wéineg Informatiounen driwwer, aus wéi enger Zäit d'Schanke kéinte stamen.

Anthropologe kënnen awer zum Beispill lo schonn eppes iwwer de Gesondheetszoustand vun de Leit soen, well Bréch oder Infektiounen nach ze erkenne sinn: "Zum Beispill, was ich persönlich ganz emotional anrührend fand, war halt die Bestattung des kleinen Kindes, das eben diese Nasennebenhöhlenentzündung hatte, die schon so schlimm war, dass sie auf die Knochen gegangen ist. Das bedeutet, es ist schwer zu sagen, war das jetzt die Todesursache oder nicht".

D'Skeletter ginn elo vun engem externen Acteur gewäsch an am Detail analyséiert.

"Allerdings versuche wir immer Proben aufzuheben. Ansonsten, wenn wir die Skelette untersucht haben, gibt es jetzt eine neue Konvention, déi ausgearbeitet wurde mit der katholischen Kirche. Was die ethische Behandlung von Knochen und menschlichen Überresten angeht, haben wir jetzt mit der katholischen Kirche vereinbart, dass die dann beigesetzt werden in ein Grab auf einem Friedhof."

Mam Patrimoinesgesetz vun 2022 goufen nei Moyene fir Ausgruewunge geschafen. De liberale Kulturminister Eric Thill: "A wou mer och elo rezent déi archéologie préventive, wéi mer se elo hei gesinn, dat heescht déi archéologie, déi mer proaktiv maachen, ier e Chantier ufänkt, wa gebaut gëtt, wann ausgegruewe gëtt, wou mer proaktiv Fouillë maache ginn. An dat ass elo zënter kuerzen, wou de Staat déi Fouille préventive dann och zu 100 % iwwerhëlt."

Zënter Januar ass zu Veianen eng Equipe op der Plaz fir ze gruewen. D'Aarbechte sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn.

De Käschtepunkt läit bis elo bei "e puer 100.000 Euro", heescht et weider vum INRA.

Back to Top
CIM LOGO