KinoBelsch Produktioun “SpaceBoy” feiert Avant-Première zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De leschte Besuch am Kino leit beim Olivier, Basile a Sacha schonn eng Zäitchen zréck.
Belsch Produktioun “SpaceBoy” feiert Avant-Première
De leschte Besuch am Kino leit beim Olivier, Basile a Sacha schonn eng Zäitchen zréck.

Si kommen nämlech aus der Belsch, wou de Confinement nach unhält an d’Kinoen zou sinn. Ma déi Dräi kommen net egal wéi ee Film kucken – et ass hiren eegenen. “SpaceBoy” ass dem Olivier säin éischte Long-Métrage an déi éischt Haaptroll fir den 12 Joer jonke Basile. Vue dass si hiert Wierk an der Belsch nach net presentéiere kënnen, ass d’Avant-Première kuerzerhand op Lëtzebuerg verluecht ginn. Fir de Basile eng duebel Freed: net nëmme géing schonn eleng beim Betriede vun engem Kino e Gefill vun Nostalgie eropkommen, ma och de Fait dass Leit säi Film um groussen Ecran kucke kommen, géing hien immens glécklech maachen, esou de jonke Schauspiller.

Am Film “SpaceBoy” geet et ëm den Jim, e verdreemten a héich begaabte Jong, dee mat senger Klassekomerodin Emma heemlech eng Montgolfière zesummebaut. Hie wëll wéi säin Idol, de Joseph Kittinger, an d’Stratosphär fléien. Mat sengem geheime Projet wëll den Jim sengem Papp beweisen, dass alles am Liewe méiglech ass an een ni sollt opginn. Säi Papp ass nämlech Astronaut, ass awer vun enger geplangter Missioun an de Weltall zréckgetrueden.

Mat senger Roll hätt de Basile net vill gemeinsam, erzielt hien eis, mat Ausnam vun der Kreativitéit an der Passioun fir de Weltall. En Thema, wat hie schonn ëmmer faszinéiert huet.

Basile Grunberger: “J’ai toujours eu dans ma tête qu’il y a plusieurs univers, qu’il y a des autres humains. Ça me fascine de juste parler de l’espace, et oui, faire une découverte spatiale ou même aller dans l’espace, ce serait super cool!”

De Film spillt an den 80er-Joren, wou d’Erfuerschung vum Weltraum geboomt huet. Eng Zäit, déi beim Olivier Kandheetserënnerungen zréck bréngt.

Olivier Pairoux: “C’est une décennie qui m’a fait tomber amoureux du Cinéma, à travers des films de Spielberg, les Goonies, Stand By Me. Voilà, tous ces films qui ont vraiment bercé mon enfance, et qui m’ont donné goût justement au Cinéma. Mais les années 80, au-delà de ça, c’est aussi une décennie très innocente où on pouvait prendre nos vélos, rouler à des dizaines de kilomètres de chez nous sans inquiéter nos parents. On avait encore ce sentiment de liberté que j’avais envie de retrouver évidemment dans le film, que j’avais envie de donner aux enfants du film.”

De Film riicht sech iwweregens net just u Kanner, en ass fir déi ganz Famill. Nieft de witzegen an abenteuerlechen Zeenen, gräift en nämlech och méi déif Thematiken op. Et geet ënnert anerem ëm d’Fro, bis wouhin ee seng Kanner soll gleewe loossen, dass alles méiglech ass. Ee vun de Messagë vum Film wier et seng Dreem ze verfollegen, mee dobäi realistesch ze bleiwen, esou de Realisateur Olivier Pairoux.

Wéi dem Jim seng Aventure aus geet, gesäit een zanter dem 31. Mäerz bei eis am Kino. Eis belsch Nopere mussen nach op mannst bis den éischte Mee waarden, éiert d’Kinoe bei hinnen eventuell rëm opginn.

Back to Top
CIM LOGO