"Wuert fir Wuert" mam Alain AttenBettseechesch, Granzert, Rollefax, Éierewäin, Ratsch ...

RTL Lëtzebuerg
Op Nationalfeierdag tëscht 13 a 14 Auer konnt Dir dem Sproochmates nees e Lach an de Bauch froen ...
Op Nationalfeierdag an der Emissioun
Op Nationalfeierdag an der Emissioun
© Patrick Greis

... fir gewuer ze ginn, wat e Wuert bedeit oder wou et hierkënnt.

An der Emissioun “Wuert fir Wuert” huet den Alain Atten erëm Wierder, déi d’Nolauschterer an d’Nolauschterinnen him (um Telefon oder per E-Mail) zougeheit hunn, analyséiert.

Wou kommen zum Beispill Bettseechesch, Granzert, Rollefax, Éierewäin, Ratsch, Lidderhanes, Mëtsch, Séit, Kanelli oder al Trutsch hier a wat bedeiten dës Wierder?

Esou vill sief gesot, eise Sproochmates ass kengem eng schëlleg bliwwen.

“Wuert fir Wuert” mam Alain Atten

AUDIO: D’Rubrik Sproochmates op der Streaming-Plattform RTL Play.
VIDEO: Déi 100 Episode vun der Serie “Gutt gesot” mam Alain Atten am Replay op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO