
Dat obwuel d’Bild mam Titel “D’Opstelle vum Kräiz” schonn zënter 1921 an dësem Musée hänkt. Ma bis ewell war een dovun ausgaangen, dass et sech beim Bild aus dem Joer 1640 ëm d’Aarbecht vun engem Bewonnerer oder Schüler vum Rembrandt handele géif.
Ma no enger neier Analys vum Bild sinn Experten elo zu der Konklusioun komm, dass d’Skizz, déi mat Ueleg-Faarwe gemoolt gouf, awer vum Rembrandt selwer stame soll. D’Qualitéit vun der Aarbecht an d’Detailer, déi ze erkenne wieren, géife keen Zweiwel zouloossen.