Kinotipp"Black Adam" vum Jaume Collet-Serra

RTL Lëtzebuerg
Mam Black Adam ass et elo un der Rei vum bluddegste Superheld aus der DC-Comic-Famill, fir säin eegene Blockbuster ze kréien.
"Black Adam" vum Jaume Collet-Serra
Mam Black Adam ass et elo un der Rei vum bluddegste Superheld aus der DC-Comic-Famill, fir säin eegene Blockbuster ze kréien.

De Batman, de Superman, d’Wonder Woman oder nach den Aquaman si Superhelden aus dem DC Comic Haus, déi de Sprong vum Pabeier op déi grouss Leinwand gemaach hunn, an e Garant fir grouss Box Office Erfolleger iwwert Jore gi sinn. Mam Black Adam ass et elo un der Rei vum bluddegste Superheld aus där Famill, fir säin eegene Blockbuster ze kréien. An der Haaptroll ass den Dwayne Johnson ze gesinn.

Den Teth Adam gouf vrun 5.000 Joer fir all Éiwegkeet agespaart, well hie seng Superkräften net kontrolléiere konnt a seng Roserei ëmmer nees d’Iwwerhand gewonnen huet. Nodeems seng Heemechtsstad nees ënnert friemer Herrschaft steet, gëtt hie befreit, fir der Oppressioun en Enn ze setzen. Ma de Superheld aus der Antiquitéit huet seng ganz eegen Notioun vu Justiz.

Superhelde sinn geduecht, fir d’Welt ze retten a fir Gerechtegkeet ze suergen, an dat mat engem strenge moralesche Kodex. Virop déi gëlle Reegel, et duerf keen ëmbruecht ginn a jiddereen soll zur Rechenschaft gezu ginn. Dëst ass dem Black Adam nawell Wurscht. Hien ass vu puerer Roserei ugedriwwen a wëll just eppes, an zwar Revanche.

Dës Prämisse vun engem Superheld, ouni ethesche Kompass, ass wuel originell an interessant, gëtt awer zu kengem Moment an dësem ganz ongläiche Blockbuster weider thematiséiert. E ganz schwaacht Dréibuch a steif Witzer, déi ëmmer nees flaach falen, kënnen och net vu massiven Actionsequenzen opgefaange ginn, an dat spigelt sech natierlech an den Interpretatioune vun den Acteuren zeréck, déi kaum Matière hu fir z’iwwerzeegen. Hei ass et schlussendlech eenzeg an eleng de Pierce Brosnan, deen ervirstiecht mat enger nuancéierter Interpretatioun vun engem Superheld, deen es midd ass d’Zukunft ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO