Streams bei SpotifyBritney Spears kënnt an de "Billions Club"

RTL Lëtzebuerg
Der Pop-Ikon hiren Hit "Toxic" aus dem Joer 2004 huet d'Mark vun enger Milliard Streams bei Spotify geknackt.

Dat huet Spotify matgedeelt an der Britney Spears fir dëse Meilesteen gratuléiert. De Song ass dann och elo offiziell an d’Spotify-Lëscht “Billions Club” opgeholl ginn. D’Playlist vu Spotifiy huet eng Usammlung vu knapp ënner 500 Lidder. Hei si Lidder, vun ënner anerem dem Taylor Swift, BTS, Billie Eilish, Bad Bunny oder SZA, drop.

Back to Top
CIM LOGO