
Fir hire Statement op der Online-Plattform huet d’Britney Spears e Konschtwierk aus dem 17. Joerhonnert ausgewielt: “Salome mit dem Kopf des Täufers” vum Guido Reni. De bibleschen Hannergrond erzielt vu friemer Bestëmmung a vun dëser wëll d’Sängerin näischt méi wëssen.
Am Text ënnert dem Post hëlt d’Britney Bezuch op Gerüchter, deenen no deemnächst en neien Album géing erauskommen. Ënnert anerem huet d’New Yorker Websäit Page Six gemellt, datt d’Charli XCX an d’Julia Michaels mat um Album géinge schaffen. Dem Britney Spears seng Reaktioun dorop ass däitlech: “Domat dat kloer ass, déi meescht Noriichte sinn Dreck. Et heescht ëmmer, ech géing iergendwellech Leit kontaktéiere fir en neien Album... Ech wäert nimools an d’Museksindustrie zeréckkommen.”
Den amerikanesche Magasinn Rolling Stone zitéiert Quellen, deenen no d’Management an d’Plattefirma aktuell versichen, d’Britney Spears nees fir d’Musek ze begeeschteren. “Aktuell hëlt hatt näischt am Studio op”, heescht et an der Zäitschrëft, “ma et gëtt u Lidder geschafft, fir him virzestellen”.
Op Instagram deelt d’Sängerin mat, dass si entweder aus Spaass oder fir aner Leit Lidder schreift. Iwwer 20 Lidder hätt si esou an de vergaangene Jore scho fir aner Kënschtler geschriwwen. “Ech si Ghostwriterin an dat gefält mir éierlech gesot och ganz gutt esou.”