
Iwwer Facebook gouf de Rowan Siddons vum Lëtzebuerger Kënschtler a Wëssenschaftler Philippe Lamesch entdeckt. AN et war dësen deen de britteschen Artist fir eng Residenz bei Empreinte proposéiert huet. Dat alles war am Joer 2017. Datt de Siddons elo eréischt de Wee op Lëtzebuerg fonnt huet ass duerch d’Pandemie bedéngt gewiescht.
Zanter Ufank September ass de Kënschtler elo schonn zu Lëtzebuerg fir d’Land ze entdecken a Recherchen ze maache fir seng Wierker.
Ënnert anerem bei Wanderunge vu 25km duerch Esch-Sauer a Beefort huet hie Fotoe geholl a Skizze gemaach, déi e genotzt huet fir seng Gravurë mam Titel Seeking Self.

Seng Gravurë gesäit de Rowan Siddons selwer als hallef vergiessen Erënnerungen, Biller déi un eng Zäit a Plaz erënneren, déi et praktesch net méi gëtt. Mat senge Wierker versicht hien Emotioune beim Betruechter auszeléisen - op duerch d’Faarfpaletten déi e benotzt, d’Formen déi e kreéiert oder d’Texturen déi duerch de Prozess vun der Gravure entstinn.

Meet the Artist den 29. September
E Freideg, den 29. September invitéiert de brittesche Kënschtler d’Leit an den Atelier Empreinte fir seng Residenz ofzeschléissen. De Public huet d’Méiglechkeet sur place ze gesi wat de Rowan Siddons iwwert déi zwou Woche produzéiert huet a mat him an d’Gespréich kommen iwwert de Prozess vu senger Aarbecht an iwwert seng Zäit hei zu Lëtzebuerg.
Rendezvous deemno den 29. September vun 18 Auer un am Empreinte Atelier de Gravure, 276 Rue de Rollengergronn, L-2441 Lëtzebuerg.
