Kinotipp"Bullet Train" vum David Leitch

RTL Lëtzebuerg
Mat "Bullet Train" geléngt dem fréiere Stuntman a "John Wick"-Realisateur David Leitch en impressionante Spagat tëschent Action a Komedie.
"Bullet Train" vum David Leitch
Mat “Bullet Train” geléngt dem fréiere Stuntman a “John Wick"-Realisateur David Leitch en impressionante Spagat tëschent Action a Komedie.

De Realisateur David Leitch huet seng Karriär als Stuntman a villen Televisiounsserien a spéiderhin Hollywood-Produktiounen ugefaangen, ier hie selwer mat pueren Actionfilmer wéi John Wick oder Atomic Blonde als Realisateur agéiert huet. Mat Bullet Train verbënnt hie méi wéi jee Action a Komedie.

En Zuch, dee mat méi wéi 400 Kilometer an der Stonn uechter Japan iwwert d’Schinnen donnert, ass d’Haaptbün vun engem skurrille Schauspill, wou eng Rei professionell Optragskiller hannert enger mysteriéiser Wallis hier sinn. Ënnert hinnen ass de “Ladybug”, gespillt vum Brad Pitt, dee vun enger elend laanger Pechsträhn verfollegt gëtt an deen dës scheinbar einfach Missioun, en Koffer ze klauen ouni opzefalen, u sech misst mat Lénks meeschteren. D’Ongléck schéngt de relaxe “Ladybug” a sengem Schlappentouriste-Look awer net ze verloossen, well d’Konkurrenz u Bord ass grouss an nawell brutal.

Datt den David Leitch Actionzeene kann op gelonge Manéier inzenéieren, huet de fréiere Stunt-Koordinator a sengen éischte Filmer wéi Atomic Blonde scho bewisen. Datt en dat och op enkstem Raum an engem Zuch fäerdeg bréngt, stellt hien a Bullet Train mat Momenter op impressionnant a brachial Manéier ënner Beweis. Staark inspiréiert vun der Popkultur, sou reie sech d’Referenzen un dem Quentin Tarantino säi Kino genee esou unenaner, wéi déi un déi sëlleg Actionfilmer mam Jackie Chan aus den 80er Joren. Et ass awer an der Onmass u Referenzen, Personnagen an Dé-Multiplikatioun vun der Intrig, wou dës skurril Mëschung aus Action a burlesker Komedie nawell heiansdo de Fuedem verléiert, bis se an engem mat Spezialeffekter iwwerluedenem Schluss schlussendlech och seng Effikassitéit opgëtt. De Brad Pitt weist awer op e Neits, datt hien och an der Komedie doheem ass a suergt mat senger eenzegaarteger relaxer Manéier dofir, datt Bullet Train seng héich Geschwindegkeet kann halen, ouni zu engem Zuch-Wrack ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO