
De Carl Adalsteinsson ass den Ament artisteschen Direkter vum CAPE zu Ettelbréck. 2005 huet hien an der Philharmonie ugefaange mat schaffen, éier hien 2014 op Ettelbréck gewiesselt ass.
Am Kulturministère fänkt hien dësen Abrëll un, hie gëtt Premier Conseiller an Haaptmann un der Säit vum neie Kulturminister Eric Thill. Vun Abrëll bis Juli gëtt et eng Transitiounsphas, éier de Jo Kox am Juli an d’Pensioun geet. Dës Informatioune krut RTL op Nofro confirméiert.