
Net manner ewéi 5 Grammys konnt de Cross 1981 als Newcomer ofraumen. E brillanten Debutalbum deen awer leider säin Highlight sollt bleiwen.
Trotzdeem huet de Sänger a Gittarist mat sengem onvergläichleche Soft- a Yacht-Rock nach weider héichqualitativ Wierker nogeschoss. 2 Nummer 1-Hits an de States an de rosa Flamingo als Markenzeechen.
Am Podcast erzielt de Gibbes Bertolo Iech seng Geschicht.
