
“Kino ass net nëmmen do, fir d’Leit dreemen ze doen. Ma och fir se zum Nodenken ze bréngen a Saachen ze änneren”, sollt d’Schauspillerin a Regisseurin Nadine Labaki gesot hunn.
Eng Ausso, déi jiddefalls op d’Approche vum CineEast-Festival zoutrëfft. De Filmfestival setzt dëst Joer fir déi 16. Kéier vum 05. bis den 22. Oktober de Kino aus dem zentral- an osteuropäeschem Raum an de Vierdergrond. Ma nieft enger sëlleger Rei u Filmer an Auszeechnungen versteet sech de Festival och als eng Geleeënheet, iwwert Themen a Problematiken ze diskutéieren, déi am Alldag éischter ënnerginn.
Sou gëtt hei de Raum gebueden, fir iwwert Ëmwelt, Geschlechtergläichheet an Identitéit nozedenken an ze diskutéieren a virun allem aus engem neie Bléckwénkel ze betruechten.
Ma och och um festleche Plan sollt de Public net ze kuerz kommen. Sou sinn och DJ-Sets, Partyen a weider Aktivitéite fir Grouss a Kleng virgesinn, fir d’Leit bei Laun ze halen.
A wien et aus verschiddene Grënn net sollt physesch an ee vun de Kinoen an der Stad packen, fir sech déi breetgefächert Selektioun u Filmer unzekucken, dee kann dat och ganz entspaant vun doheem aus maachen. Tatsächlech bitt de Festival d’Méiglechkeet, all d’Projektiounen och digital um Computer kënnen ze kucken, sou datt och kee méi eng Excuse huet, sech dëst Wierker entgoen ze loossen.
Méi Informatiounen zum Festival ewéi och de komplette Programm fannt dir HEI.