De 24. Januar an der Abtei NeimënsterConcert vun der spuenescher Bratschistin Isabel Villanueva

RTL Lëtzebuerg
Klassesch Musek, modern interpretéiert fir e grousse Public

D’Isabel Villanueva huet kee Manager a kee Büro. Just eng Bratsch, en antikt Instrument dat am spéide 17. Joerhonnert zu Turin gebaut gouf. A ganz vill Talent, dat si scho ganz fréi op déi grouss Büne vun dëser Welt gefouert huet. Berlin, London, St Petersburg, Madrid, Kopenhagen, awer och méi ongewéinlech Plazen, wéi zum Beispill Teheran. Ongewéinlech ass och hir Astellung zu hirer Musek. D’Artistin (1988 zu Pamplona gebuer) leet Wäert drop fir hir Konscht engem grousse Public méi no ze bréngen, a Virurteeler vis-à-vis vu klassescher Musek ofzebauen.

2018 konnt si mat hirem éischten Album “Bohèmes” direkt e groussen Erfolleg feieren. Op hirem neien Album “Ritual” experimentéiert si mat Musek aus 10 Joerhonnerten, mat Kompositiounen vun der Hildegard von Bingen bis bei de György Kurtág.

Hei kënnt Dir an d’Musek vun der Isabel Villanueva eralauschterenHir grouss Passioun gehéiert hirem Instrument: 2018 huet si d’Plattform “Viola Power” gegrënnt, fir sech mat anere Braatschist(inn)en weltwäit auszetauschen.

Si ass Museksprofessorin am Royal College of Music zu London an am Conservatori Superior de Música del Liceu zu Barcelona. De 24. Januar um 20.00 Auer gëtt si e Concert an der Abtei Neimënster, dat op Invitatioun vum spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado.

Link op de Site vun der Abtei Neimënster

© Rosalia Bronstein

Back to Top
CIM LOGO