An den 80er Joren hat hien déi charakteristesch Formsprooch entwéckelt a schematesch Tableaue kreéiert, mat deenen hie sozial Froen thematiséiert huet.
An enker Zesummenaarbecht mam Peter Halley huet de Mudam elo d’Ausstellung “Conduits: Paintings form the 1980‘s” konzipéiert. Eng Retrospektiv, déi 30 Schlësselwierker vum Kënschtler aus privaten an ëffentleche Sammlunge weist.
Mat geometresche Formen a fluoreszéierende Faarwen hat de Peter Halley sech deem fir hien ze traditionellen a nostalgeschen Neo-Expressionimus widdersat, deen Ugangs de 80er Joren déi kënschtleresch Landschaft vun New York gepräägt hat. De Quadrat, deen eigentlech als perfekt Form gëllt, huet hien zum Prisong erkläert.
Mat den Zellen oder Prismen thematiséiert de Peter Halley net just d’Geometriséierung vum soziale Raum, ma och den technologesche Wandel. Den New Yorker Kënschtler hat déi digital Revolutioun an déi global Vernetzung a senger Konscht wäit viraus gesinn.
“Conduits: Paintings from the 1980s” weist och wéi dem Peter Halley seng Wierker evoluéiert hunn. Sou erkennt een z.B., dass et an de Wierker déi an der 2. Hallschent vun den 80er Joren entstane sinn, net méi ëm d‘Vernetzung geet, ma dorëms wat geschitt, wa Saachen net méi a Verbindung stinn.
Nach bis de 15. Oktober kann een dem Peter Halley seng Wierker am Mudam entdecken.