Bekannt aus "Das Boot" a "Bang Boom Bang"Däitsche Schauspiller Ralf Richter am Alter vun 69 Joer gestuerwen
Wéi sëllegen däitsch Medie mellen, ass den däitschen Acteur Ralf Richter gestuerwen. Säi Fils huet säin Doud géigeniwwer der Bild-Zeitung confirméiert.
Verëffentlecht: 15.09.26 17:25
Zur Doudesursaach ass bis ewell näischt gewosst. De Ralf Richter war ënnert anerem bekannt fir seng Roll am Klassiker "Das Boot" vun 1981 oder och "Bang Boom Bang" aus dem Joer 1991. Och a sëllegen "Tatort"-Episoden hat de Ralf Richter Optrëtter.