BAFTA-FilmpräisDäitschen Anti-Krichsfilm "Im Westen nichts Neues" wënnt a 7 Kategorien

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf d'Neiverfilmung vum Erich Maria Remarque sengem Roman als beschte Film priméiert a fir déi bescht Regie.
© ANNETTE RIEDL dpa Picture-Alliance via AFP

Den däitschen Anti-Krichsfilm “All Quiet on the Western Front” (“Im Westen nichts Neues”) huet beim brittesche Filmpräis BAFTA ofgeraumt an, an direkt a 7 Kategorië gewonnen.

Ënnert anerem gouf d’Neiverfilmung vum Erich Maria Remarque sengem Roman, als beschte Film priméiert a fir déi bescht Regie.

E BAFTA als bescht Actrice krut d’Cate Blanchett fir hir Roll am Film Tar. An den Austin Butler gouf ausgezeechent fir seng Verkierperung vum Elvis Presley.

D’Präisser vun der brittescher Filmakademie gëllen als gudden Indicateur op d’Oscaren. Déi ginn den 13. Mäerz zu Los Angeles verginn.

Back to Top
CIM LOGO