Zanter Accident um Filmset queeschschnëttsgeläämtDaniel Radcliffe dréit Dokumentatioun iwwer säin Harry-Potter-Stuntdouble

RTL Lëtzebuerg
De Stuntmann David Holmes huet sech wärend den Dréiaarbechte vum Harry-Potter-Film schro blesséiert an ass zanterhier am Rollstull.
© Instagram

Seng Geschicht gëtt lo verfilmt an dat vu kengem anere wéi dem Daniel Radcliffe selwer - wat eng Ironie. Stuntdoubele si jo u sech dofir do, de geféierlechen Deel wärend engem Tournage fir den Acteur z’iwwerhuelen. Si selwer huelen deemno e Risiko a Kaf a brénge sech selwer a Gefor. Dacks bleift et bei deem engen oder anere “Bobo”, ma am Fall vum David Holmes hat den Accident tragesch Suitten.

Wie sech lo d’Fro stellt, wéi ee sech an engem Harry-Potter-Film därmoossen uerg ka blesséieren, dee bedenkt net, dass do net just Zauberstief geschwonge ginn. Do ginn alt och emol Persoune queesch duerch e Raum geschleidert, duerch d’Luucht gewierbelt oder falen a Lächer. Besonnesch an den zwee leschten Deeler vun den Harry-Potter-Filmer, an deenen et zu Kämpf tëscht Gutt a Béis koum, waren d’Stuntdoubele gefuerdert. Sou wéi den David Holmes, deen den Daniel Radcliffe a geféierlechen oder riskante Filmzeene vertrueden huet.

© Instagram

An enger Zeen vum 1. Deel vun der Filmserie “Harry Potter and the Deathly Hallows” war eng Explosioun simuléiert. Dat war dee Moment, dee fir de 34 Joer alen Daniel Holmes alles fir ëmmer fatal verännert huet. Wéi hie bei enger Opnam vun engem Stunt onglécklech op de Buedem gefall ass, huet hie sech un der Wierbelsail blesséiert. Dono war hie vun der Broscht u geläämt a sëtzt zanterhier am Rollstull.

“David Holmes - The Boy Who Lived”

Dës tragesch Geschicht ass lo zu engem Dokumentarfilm ginn. Gespillt gëtt den Harry-Potter-Stuntman vu kengem anere wéi dem Daniel Radcliffe selwer. Den Acteur ass net just berufflech um Film bedeelegt, mam Holmes verbënnt hien och eng laangjäreg Frëndschaft.

An der Doku geet et awer net just ëm de fatalen Accident, et weist den Holmes hannert de Kulissen, d’Suitte vum Accident, ma och wéi et zu allem koum. De Film erzielt de Wee vun engem Teenager aus dem engleschen Essex, en talentéierten Turner, dee säi groussen Dram verwierklecht. Fir den David Holmes war den Harry ze doubelen, “dee beschten Job vun der Welt”.

Back to Top
CIM LOGO