
Christie’s huet an dësem Joer Verkeef am Wäert vun 8,4 Milliarden Dollar realiséiert. Dovunner koumen 1,2 Milliarden aus private Verkeef a 7,2 Milliarden aus Steeën. Dem Generaldirekter vum Auktiounshaus Guillaume Cerutti no géifen dës Zuele weisen, dass de Konschtmarché och ugesiichts vu groussen internationale Schocken, ewéi dem Krich an der Ukrain, stabil wier.
Ausserdeem huet hien op de Succès, mat deem eng Partie grouss Konschtsammlunge versteet goufen, verwisen. Dorënner ënner anerem déi vum Verstuerwene Microsoft-Matgrënner Paul Allen. Bei dëser Stee war den 9. an den 10. November d’Rekordzomm vun 1,62 Milliarden Dollar zesummekomm.
Ausserdeem hat Christie’s jo dem Lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen seng Fotografie “The Flatiron” dëst Joer fir 11,84 Milliounen Dollar versteet. Dëst war jo den zweetdeierste Präis, dee jeemools fir eng Fotografie bezuelt gouf.
Sotheby’s huet dann dëst Joer Venten am Wäert vun 8 Milliarden Dollar realiséiert, wat och engem neie Rekord entsprécht.