Am MNHA a Cercle CitéD'Ausstellung iwwer de Gast Michels

RTL Lëtzebuerg
E Groussdeel vun den ausgestallte Wierker krute si vum "Gast Michels Estate", dee vum Kënschtler senge Bouwe geréiert gëtt.
© Valeria Wiwinius

D’Ausstellung ass op zwou Plazen ze gesinn, déi sech completéieren. Am MNHA kritt een eng Retrospektiv vum Gast Michels senger 30 Joer laanger Karriär a gesäit och, wéi säi Stil iwwer d’Joren evoluéiert huet. Am Ratshaus par contre sinn d’Wierker net chronologesch mä thematesch strukturéiert. “Dat hei soll engem erklären, wat een op de groussen Toile gesäit, ouni dass et elo eng Gebrauchsanweisung ass”, esou de Paul Bertemes, deen d’Kuratioun am Ratshaus gemaach huet.

Fir d’Ausstellung ofzeronnen, ginn iwwer déi nächst Méint och eng Rëtsch Atelieren, Konferenzen a Visitten organiséiert. Méi Informatiounen dozou fënnt een op de respektive Site vum MNHA a Cercle Cité.

Back to Top
CIM LOGO