
De bekannte Victoria and Albert Museum krut eng 80.000 Kostümer, Bréiwer, Fotoen an aner Strécker aus dem Sänger a Kënschtler sengem Ierwen.
Am Oste vu London wäerten dann Deeler vun dëser Kollektioun vun 2025 un am “David Bowie Centre for the Study of Performing Art” ausgestallt ginn. De Musée gëtt extra fir dës Ausstellung opgeriicht.
Et wëll een de Fans, awer och de Fuerscher an Abléck an de Prozess, wéi de Bowie geschafft huet, ginn. Ënner anerem ginn handgeschriwwe Songtexter, Nouten, Instrumenter, Auszeechnungen awer och Kostümer, wéi dat vum Ziggy Stardust aus dem Joer 1972, ausgestallt.
De Victoria and Albert Museum wier begeeschtert iwwert de Bowie-Fundus, deen ee kritt huet an op deen een oppasse muss. Fir de Chef vum Musée Tristram Hunt ass et och wichteg, datt een dës Stécker dem Public och ka weisen.